Erënnerungen un de Mathias Ruden







 







von Joseph Hess





Keen Duerf am Land huet seng ongeschriwwe Chronik esou eeschtlech gutt an der Rei ewéi Konsdref .

't ass de grousse Verdéngscht vum Mathias Ruden. Säi Papp war 1801 gebuer , hie selwer hu mer 1948 begruewen. Dat mécht fir zwéi Mann 147 Joer Liewenszäit. Allen zwéin haten se de Kapp op hiert Heemechtsduerf geriicht an dobäi e Verhalt ewéi eng Scheierpaart, wou vill eragaangen ass.

Ech hat d' Gléck, un de Mathias Ruden verwisen ze ginn, fir mer iwwer déi al Zäiten Ausstreech ze huelen. An do ass eppes fir mech erausgefall.Wann de Mathias d' Zigarettebliedercher erausgezunn huet, wou en seng Stëchwiirder dropstoën hat, da konnt e Stonnen a Stonnen erzielen : jhust iwwer dat, wat net an de Schrëfte steet. Iwwer d' Liewesweis, d' Spiichten an d' Gebräicher vum Duerf. Dat war e Mann, wéi all Nascht ee sollt gehat hunn : Mat schalleksegen An, den Zwécker wënsch op der Nues, a mat sécherem Bléck fir dat, wat Wäert hat. Am Ufank wollt en net , datt ech géif Notizen huelen. En Dausendgléck, datt ech en derzou kritt hunn. Säiten a Säiten hunn ech opgeschriwwen.

Dat alles läit elo do, fir dem Jonktem vun haut ze weisen, wéi deemools rau a schlau gelieft gouf.

Wéi sot de Mathias ?

"D' Kanner kruten an deiere Jore gekachte Gromperen an de Schouss gezielt.

De Wanter duerch hunn d' Doléineschleit op den Hief gedresch : Se haten am viraus schonns den Oweskascht, a muerges, ier der Deiwel d' Schong un hat , stoungen s'am Scheierdenn mat de Fleelen duerzeman. Alt hirer dräi an dräi an zwou Reien. Esou hunn se den Drëtter, de Véierter an de Sechster geschloen, datt d' Genn gewackelt huet. Zu fënnef war den Takt am schéinsten, zu sechs war et eng Konscht. Um aacht Auer hat den Drescher seng zwéi Su verdéngt an de Muereskascht : Stäerzele mat völleg Gréiwen drop, och alt Gromperen an e Stéck Karbrout. Duerno sinn s' an de Kouertebësch gaangen, an um zéng Auer gouf et an de gudden Haiser Weessebrout. Dohin hunn se sech absënns gär verdangt. Se kruten alt eng Bootsch Brout mat heem fir Fra a Kanner, an e Stéck Speck. Dat war hiren Doloun. Haut géing dat net méi.

Den Hiert hat d' Recht op d' Winnbrout, wann e jonkt Schwäin fir d' éischt mat bei d' Häerd gelooss gouf.An da war et de Gebrauch, datt den Hiert mat engem hëlze Spuet de Wues ausgestach huet fir op d' Fiischte vun de Stréideeg ; dat war esou säin Niewenhändelchen.


"E Mann vu Gonnereng huet mat Fixfeier hauséiert, nach géint 1875."

"Wat e Steemetzer bei senger Aarbecht lass hat, léisst sech errechnen, wann ee bedenkt, datt d' Kleinshaus fir 32 Krounen an eng Réischtebox gebaut gouf."

Ech mengen ech hätt néideg d' éischt ze son, wat eng Réischtebox war.Dat war eng Léngebox, vum beschte Fuedem ; Ospen an Osekenduch war méi graff. De Fierwer huet dat Duch mat Indech ( dat kenne mer haut als Indigo) blo gefierft. Dohier kënnt plazeweis den Hausnumm ,a Blofierwesch. All bessere Bauerenhaff hat säi Wiefstull. Ee vun de Monnien am Haus, déi deemols völleg waren, deen huet aus dem gesponnene Fuedem Duch gewiewt.

Owes an der Uucht gouf da gesponnen an dobäi erzielt a gegeckst.

"Déi Konsdrefer haten hir Briechkaul fir d' Wierk ënner enger Fiels am Bësch. Enner den Iwwerhank konnt een e Fudder Hee ënnerstellen."



 

De Mathias huet a senge klengen Theaterstécker a liewege Biller duergestallt, wéi et op der Dar, op der Briechkaul, bei de Kuelebrenner vun der Goldfralee a beim Kanddaf zougoung. Wann déi Konsdrefer Jongen gär Theater gespillt hunn, dann hunn se de Mathias ugesprach fir en neit Stéck.Dat war bei him séier geschitt. Aus senge Stécker léisst sech liesen, wéi d' Leit viru fofzeg, honnert Joer zu Konsdref geduecht a geschwat hunn.

E kéint e jo nu Bedenken hunn, op de Frënd Mathias do net alt emol der Wourecht e bësse nogehollef hätt. Ma do kann een säi Kapp a Rou leeën. Ech krut där Kaméidistécker vill ze liesen, ier en se beim Linden an der Groussgaass an den Drock ginn huet. Dann hunn ech alt emol hei an do eng kleng Ännerung virgeschloen, fir d' Saach méi mondgerecht ze maachen. Ma do war näischt ze wëllen : ,,'T ass net esou gaang, wéi dir elo sot. Dann ass et net méi richteg".

Sou war de Mathias. Do war sech näischt ze fuebelen.

Säi Kanddaf ass och am Ausland als dat beschte Proufstéck op déi Aart a Weis unerkannt ginn. Do ass alles dran, wat op e Kanddafskaffi gehéiert.

A seng Sprooch eréischt ! All Saz, deen e geschwat huet , war fäerdeg fir ze drécken. Bei him sollten eis Frënn vum Lëtzebuergeschen an d' Léier goen. Da wier hinne gehollef. Da géifen se villes doheem loossen, wouvun se mengen, et wier Lëtzebuergesch.

Dem Mathias seng Spiichte waren eenzeg. Loosse mer der wéinstens e puer verzielen : "A Buddeler bei Konsdref hu se fréier dat vreckte Véi ënnergeschäert. Wann d' Kéi näischt méi ze friessen haten, da konnten s'op eemol schwätzen. Dann hunn se sou kräischerech gemuht : Bu de-ler ! Bu-de-ler !

" Zu Konsdref hunn d' Baueren sech eng d' Zäit iwwerméisseg un de Branntewäin ginn. De Paschtouer huet gepriedegt : « Wann dir d' Bidden net loosst - d' Bidden; da's dat Faass, wou se d' Fruucht an d' Uebst agemaach hunn, fir ze brennen - wann dir d' Bidden net loosst , da kënnt de Wëllefchen (den Notaire Wolf vun Iechternach) an e setzt iech d' Bidde virun d' Dir . (De Riffer stoung déi Zäit op enger Bidde fir d' Stee ze ruffen.) E Bauer soll an engem Joer bis zéng Fudder Schnaps gebrannt hunn. Dat war dann déi gutt al Zäit."

" 1866 war d' Cholera no Konsdref gedroe ginn ; ma et sinn der nëmmen zwéin dru gestuerwen. D ' Leit waren esou schlecht drun, dat se kee Fatz méi z'iessen haten. D' Gemeng huet fir 3600 Frang Liewesmëttel musst kafen. Um Scheedgen ass kuerz duerno d' Nerveféiwer ausgebrach, de Schoulmeeschter hat déi Kränkt mat vu baussen erabruecht. Se huet deemools 28 Leit d' Liewe kascht.

"Konsdref huet eng ganz Rëtsch schéi Weekräizer. Déi stame vum Tirouler Steenheeër Schergen vu Gueper. Eent vun dëse Weekräizer um Konsdrefer Bann huet eng schrecklech Geschicht: Dat op Wolper, wou se fréier Zille gebak hunn. Wéi eist Land nach mat Bitburg zesummenhoung, - dat war virun 1815 - do ass eng Kéier am haarde Wanter em Hallefnuecht e Jhandarem zu Päerd op där Plaz ënnert d' Wëllef geroden. En huet der en etlech mam Seewel kabinnéiert , mee wéi deen zweeten Trapp op en duerkoum, hei war him jo de Seewel an der Scheek vun elauter Blutt ugefruer, an e krut en net gezunn. D' Päerd huet en ofgeworf, an d' Wëllef hunn en zu Botz opgefriess, - bis op d' Wueden an d' Féiss. Déi stouchen an héije Stiwwelen."

Net nëmmen eleng aus der Konsdrefer Gemeng huet de Rudens Mathias déi Spiichten zesummegeraaft. Och aus den Nopeschdierfer:

"Zu Bäerbreg war den Här vum Schlass en onkamoude Brudder. Et war den Nell. Déi Familljen ass nach haut zu Tréier bekannt. Kuerz virun der Revolutioun hat deen engem Bauer , dee beim Plouen eng Strëpp gezunn hat, d' Honsbaatsch iwwer d' Gesicht gekraacht. Ma deen, net faul, erwëscht de Plousprénkel, an en huet den Nell gutt ersielt. Du war natierlech senges Bleiwes net méi ze Bàerbreg. E souz an engem Heekoup, an dem Nell seng Leit hunn de Koup mat Säbelen duerchstach, ouni de Mëssdéidegen ze geroden. De Bauer huet sech no Diddenuewen verzunn, wou en och wunne blouf."

"Dem Walech vun Haler seng Kéi wore vun engem rosenen Hond gebass ginn, an se foungen un ze zabbelen an ze rosen. Du huet e Schënner vu Freckeisen all Kéi am Stall vun uewen erof duerch d' Versinn dout gestach.

Wann de Mathias bis vum Pärdsklos un d' Erziele koum, da krut et keen Enn méi :

"De Pärdsklos gëtt als Schankefléckert am Rodange sengem Renert ernimmt. Am Klëppelkrich war e mat vir bei, an en hat eng mat engem franséische Seewel iwwer d' Kopp kritt. Als Schmadd huet en d' éischt d' Päerd kuréiert an duerno d' Leit. 1833 haten se 'n en zu Dickerech um Gericht wéinst senger Dokterei, an e krut dräi Méint opgedréckt. Wéi en déi gesiess hat, da stoungen Honnerte vu Leit virum Prisong fir en ofzehuelen.E soll e séchert Mëttel géint d' Nerveféiwer gehat hunn. Dat gouf dem Kranken ënner den Hutt oder ënner d' Hauf geluegt fir ze wirken. Vum Kitzebur bei der Fiels ass en dunn op de Kinsekerhaff wunne komm. E konnt deen a knappen zéng Joer bezuelen, esou mäerderesch huet e Geld verdéngt. D' Doleren an d' Napoleonen huet en an de Schaf gehäit ouni ze zielen. Wann e Gefaach voll war, dann huet en dee Koup bei den Notar gesat. En hat e Fuuss als Haushond. Deen hat an der Kanecher Géigend Jonger kritt. An déi huet dat Déier an enger Nuecht een nom aner heem op de Kinsekerhaff gedroen.Wuefir de Pärdsklos an Amerika goung dat weess keen. En ass um Schëff gestuerwen. An dat war well en net u seng Mëttele koum. Déi louchen déif am Bauch vum Schëff an enger Këscht vertässelt. Soss géif en haut nach liewen.

D' Nammensfräche vu Konsdref konnt och méi wéi Brout iessen . Si huet och gedoktert fir krank Leit. Si war esou räich ginn, dat se siwe Pond Botter an der Woch verdroe konnt. Wann s'an d' Feier gespaut huet, dann huet et gegreezt sou botterech war dee Saft .

An doriwwer huet de Mathias gelaacht wéi e Schellem .



Joseph Hess ( aus Fête Nationale du Travail et de la Terre - Consdorf 1966 )

 

an hei nach 

In Memorandum vun der deemoleger Unioun

In Memorandum aus Obermoselzeitung



Kommentare

Beliebte Posts