D' Schwaarzbrenner vu Konsdorf

En ongewéinleche Fond.


   Ënnert engem wandgeschützte, fielsegen Iwerhank ,
   niewt dem Flouer am Fiischtebësch ,
   do wollt ech mäi Velo verstoppen ,
   fir zu Fouss weider ze goën a
   sinn du riicht ann eng Schnapsbrennerei getrollt.

   En alt Dëppen,gutt verzénkt ,
   eng sougenannte Bidden an
   e Behälter , waarscheinlech de Killbehälter ,
   och verzénkt , an ënnen drënner eng Gasfläsch,
   louchen do fir sech hin ze raschten.
   Dem Alter no esou 10, 20, villäicht méi Joëren.
   Eng sëlleche Fläschen a weider verraschten
   Apparaturdeeler ware nach ze erkennen an
   ënnert de Blieder ass nach weidere Blech verdeckt.
   Verschidde Réier a Krinn konnte séier vermudden ,

 datt et sech em eng gréisser Distill fir ze Brennen gehandelt huet.

Dass elo op där Plaatz schwaarz gebrannt gouf ,
an esou "Moonshiner" um Wierk woren ,
dat woën ech ze bezweifelen ,
well et net einfach ass , op di Plaatz Waasser hinzekréien.
Et handelt sech waarscheinlech em eng diskret Entsuergung ,
déi net jiddereen am Duerf  sollt matkréien.  Soit  ! 
Et muss gesoot sinn, dass ann der Géigend Schnapsbrennen
keng Seelenheet war , an et ass och emol schwaarz gebrannt gin ,
wéi eis de Mathias Ruden ze erziele weess :
"Zu Konsdref hunn d' Baueren sech eng d' Zäit iwwerméisseg un de Branntewäin ginn. De Paschtouer huet gepriedegt : Wann dir d' Bidden net loosst - d' Bidden; da's dat Faass, wou se d' Fruucht an d' Uebst agemaach hunn, fir ze brennen - wann dir d' Bidden net loosst , da kënnt de Wëllefchen (den Notaire Wolf vun Iechternach) an e setzt iech d' Bidde virun d' Dir . (De Riffer stoung déi Zäit op enger Bidde fir d' Stee ze ruffen.) 
E Bauer soll an engem Joer bis zéng Fudder Schnaps gebrannt hunn. 

Dat war dann déi gutt al Zäit."

 

 

 

 

 

 

Kommentare

Beliebte Posts